Nëtzlech Infoen

Hei fannt dir eng ganz Rei vu prakteschen Informatiounen iwwert verschidden Acteure vum lëtzebuerger Immobiliëmaart.

Logement.lu

Ministère du logement

De Site logement.lu bitt Iech ënner anerem detailléiert Informatiounen iwwer d'Wunnengspolitik zu Lëtzebuerg, sou wéi d'Gesetzgebung a Staatshëllefe betreffend Wunnengen.

Guichet unique des aides au logement
11, rue de Hollerich
L-1741 - Luxembourg
Tél. : (+352) 8002 10 10
E-mail : guichet@ml.etat.lu

Ëffnungszäiten
Méindes bis Freides 8:00 bis 12:00 an 13:30 bis 16:00.
Donneschdeg vun 8:00 bis 17:30.

méi gesinn
Guichet.lu

Guichet.lu

Guichet.lu ass den Informatiounsportal, deen Iech den Austausch mam Staat vereinfacht an Iech e séieren an einfachen Zougang zu all Informatioun, Prozedur a Service erméiglecht, déi vu Lëtzebuerger ëffentlechen Organer ugebuede ginn.

D'Sektioun iwwert d'Wunne gëtt Iech een direkten Zougang zu nëtzlechen Informatiounen, erméiglecht d'Erofluede vu Formulairen a bitt Iech all déi lescht Neiegkeeten iwwer d'Logementsgesetzgebung.

méi gesinn
Guichet.lu

Myenergy.lu

Myenergy ass déi national Struktur fir een nohaltegen Energiewandel ze promoten. De Site huet eng Sektioun fir Eenzelpersounen, Firmen, Gemengen an Experten. Kuckt Iech déi heefegst gestallte Froen un fir séier eng Äntwert ze fannen oder maacht ee Rendez-vous mat engem vun de Beroder aus.

méi gesinn
Geoportail

Geoportail.lu

Geoportail ass den offiziellen nationale Geoportal vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, eng Staatsplattform déi als Zil huet, déi offiziell Geodatë vum Land ze sammelen, ze beschreiwen an dem Public disponibel ze maan.

Benotzt dëse Portal fir op verschidde Kaarten vum Grand-Duché zouzegräifen.

méi gesinn
Liser

Observatoire de l'habitat

Den Observatoire de l'habitat sammelt déi néideg Informatioune fir d'Plange vun der Wunnengspolitik ze erméiglechen a bitt dem Public allméiglech Informatiounen iwwert d'Lëtzebuerger Wunnengspräisser.

méi gesinn
Statec

STATEC

De STATEC (Nationalt Institut fir Statistiken a Wirtschaftsstudien) ass eng ëffentlech Verwaltung déi ënnert der Responsabilitéit vum Wirtschaftsministère steet. D'Missioune bestinn draus, den ëffentlechen a private Responsabele souwéi de Bierger, e qualitativ héichwäertegen, statisteschen Informatiounsservice ze bidden. De STATEC erstellt Statistiken, Analysen a Studien déi engt detailléiert, zouverlässegt an objektiivt Bild vun der Lëtzebuerger Gesellschaft duerstellen. All d'Informatioune sinn um Statistikportal regroupéiert.

méi gesinn
Geoportail

Chambre immobilière

D'Chambre Immobilière vum Groussherzogtum Lëtzebuerg (CIGDL) ass eng professionell Associatioun a Federatioun, gegrënnt viru méi wéi véierzeg Joer, deem säin Zil et ass, mat Hëllef vu senge Memberen, Servicer vun enger optimaler Qualitéit ze garantéieren an den dräi Beruffssparten:

• Immobilienagenten
• Immobilieverwalter
• Immobilienentwéckler

D'Haaptzil vun der Associatioun ass et d'Professionalitéit an d'Qualitéit vun de representéierte Beruffer aus dem Immobiliëberäich konstant ze verbesseren.

méi gesinn
Geoportail

Chambre des notaires

D'Chambre des Notaires vum Groussherzogtum Lëtzebuerg besteet aus 36 Notairen, déi geographesch an all Kantone verdeelt sinn (ausser dee vu Veianen), a souwuel d'Gréisst vun der Bevëlkerung wéi och de Volume vun der Aarbecht berécksiichtegen. Dir fannt ganz einfach Äre passenden Notaire an all Informatioun iwwer d'Notariat a besonnesch iwert hier Roll bei Transaktioune vun Immobilien.

méi gesinn

Mir këmmeren eis ëm alles

Nos services